encounter | conference / debate
A.I. a Kreativitéit
Afterwork Aesthetics
neimënsterEvent Details
Découvrez toutes les dates de l'événement
04.05 Monday 18:00 Room Edmond Dune
Kënschtlech Intelligenz als Kënschtler? Ass een Algorithmus am selwechte Sënn schaafend wéi e Mënsch? D’Technologie huet gewalteg Entwécklungen duerchgemaach, an och d’kreatiivt Produzéieren ass heivun net ausgeschloss. Wou et bei der Musek nach wéineg iwwerrascht, sinn d‘Biller, déi vu Kënschtlechen Intelligenze „gemoolt“ ginn, dann dach awer ganz eegen. Bréngt eng Maschinn ouni Gefi ller, ouni Passé, ouni Bewosstsinn et fäerdeg, genee esou eng Attraktioun an d’Konscht eranzebréngen, wéi den Artist aus Fleesch a Blutt? D’Erwaardungen un d’Technik sinn hei immens héich – mee soll se weiderhin als digitale Medium funktionéieren oder tatsächlech als autonome Schöpfer? Kann d’mënschlecht Aen iwwerhaapt den Ënnerscheed maachen, tëscht enger maschinell-artifi zieller an enger mënschlech-artistescher Konscht? Et ginn eng sëllege Beispiller an Aspekter an dëser Diskussioun fi r rauszefannen, wéi sech d’ästhetesch Erfarung an dësem Kontext weist a wat Neuronal Netzwierker a K.I. Konscht iwwerhaapt leeschte kënnen.
neimënster
Nora Schleich
Promovéiert a passionéiert an der Philosophie säit 2008 – Nom Studium zu Lëtzebuerg an zu Mainz ënnerwee an der Philosophie- a Wëssenschaftsvermëttlung. Virum allem täteg an de Beräicher Konscht a Kultur, wéi Soziales an Existenz. Säit 2022 Programmcoordinatrice an der ErwuesseBildung asbl.
Event Details
Découvrez toutes les dates de l'événement
04.05 Monday 18:00 Room Edmond Dune
- For all ages
- LU
- Free admission
More information