cabaret

Stresstest Lëtzebuerg

D'Peffermill(ch)en

Organisé par Cabaret Peffermill(ch)en et la Brasserie le Neumünster

Détails de l'événement

Découvrez toutes les dates de l'événement

Stresstest ass dat inoffizielt Onwuert vun dësem Jorzéngt. No dem Stresstest vun de Banken an den Atomkraaftwierker ginn d'Kultur, de Sport an d'Politik getest. Fir d'Stresstester gëtt dat e Stresstestfest !

Si testen elo, ob eis Kulturhaiser äerdbiewesé- cher sinn, an ob een an engem net gebaute Fussballstadion besser Futtball spillt. Si testen, ob de Staat mat nach manner Suën, der nach méi kann ausginn, an ob um Krautmaart den Tsunami-Alarm fonctionnéiert. Si testen awer och ob d'Regierung géif den Aschlag vun enger Boe- ing an d'Sennéngerschlass iwwerliewen. A wa jo, wéi grouss dann d'Iwwerlieweschance bei den eenzele Regierungsmemberen ass.

Stresstest Lëtzebuerg ass den offizielle Numm vun der Peffermill(ch)en hirem neie Kabaret- programm an do gëtt getest, ob Äre Stress och stresstestfest ass.

Organisation

Organisé par Cabaret Peffermill(ch)en et la Brasserie le Neumünster

Information

Événement passé

01.02.2012
  • FR