festival contes sans frontieres

Den Dëlpeshans

Erzieltheater mat Musek

Organisation: Neimënster,
Production: Nationaltheater Mannheim - Schnawwl & Junge Oper, Theater für junges Publikum

Détails de l'événement

Découvrez toutes les dates de l'événement

De klengen Hans ass schon als Kand e richtegen Dëlpes, duerfir gëtt hien scho fréi den Dëlpeshans genannt. Si seng zwee grouss a geléiert Bridder de ganze Stolz vum Papp, sou traut een dem Dëlpeshans näischt aneschtes wéi Dëlpeszechkeeten zou. Den Dëlpeshans wëll awer, sou wéi all déi aner jonk Männer am Land, ëm d'Hand vun der Kinneksduechter unhalen. Vu sengem Papp kritt hien e Geessebock aplaz vun engem Päerd, op deem en senge Bridder hannendrun reid. Wéi och ëmmer, um Wee fir bei d'Schlass sammelt den Dëlpeshans allerlee Géigestänn an, déi him herno bei der Prinzessin hirer Audienz wäerte nëtzlech sinn. Iwwerzeegt vun sengem Humor a senger Fantasie, ass den Dëlpeshans fest entschloss mat senge Spiichten d'Prinzessin fir sech ze gewannen!

Organisation

Organisation: Neimënster,
Production: Nationaltheater Mannheim - Schnawwl & Junge Oper, Theater für junges Publikum

Information

Âge: à partir de 5 ans, à partir de cycle 2
Langue: en luxembourgeois
Durée: 60min
www.schnawwl.de

Événement passé

24.11.2014